Sou wéi et sech gehéiert hält de Kulturveräin all Joers eng Generalversammlung of an der de Keesen an Aktivitéitsbericht duergeluecht ginn. No der fräier Aussprooch léist de Veräin d´Versammlung an enger ennerhalsamer Ronn bei engem Owesiessen ofkléngen.
Pünktlech fir Lies suergt eisen Veräin fir e gemittlechen Owend am Duerfkär wou dir een frëscht Glas Fiederwäissen an e gudden Maufel kennt genéissen.
Als ASBL wëllen mir et net mëssen en Deel vun eisem Gewënn do anzeschätzen wou en gebraucht gëtt. Dofir sinn mir houfreg all Joers en Don un eng sozial Organisatioun ze maachen.
Fir d´Engagement vun onseree Memberen ze belounen organiséiert de Veräin all Joers een Dagesausfluch. Enner flotter a kollegialer Stëmmung sinn mir um Tour, a besichen intressant a spektakulär Sehenswierdegkeeten an a ronderëm eist Land.
Als Kulturveräin gëtt bei eis de Nationalfeierdag ganz grouss geschriwwen. Dofir hu mir eis et mat grousser Freed zur Aufgab gemaach fir d´Gemeng an der waarmer Joreszäit an virun allem op dem speziellen Dag ze ënnerstëtzen all d´Gäscht mat gezaapten Erfrëschungen ze bekäschtegen.
10 Joer no dem Kulturjoer 2007 huet den Kulturveräin am Summer 2017 ënnert der Zesummenaarbecht vun den Gemengen Wuermer a Wenecher um Bréckefest de Public mat ausgewieltem Gedrénks a mat léift zoubereeten Grillplat`en iwwerrascht.
2017 as et eis eng grouss Éier fir als Kulturveräin d´Gemeng Wormer um Duerffest an eiser Partnergemeng Mortagua a Portugal vertrieden ze dierfen, an eise Portugisesche Frënn mat Kulinareschem aus Lëtzebuerg den Appetit unzereegen.
Als ASBL wëllen mir et net mëssen en Deel vun eisem Gewënn do anzeschätzen wou en gebraucht gëtt. Dofir sinn mir houfreg all Joers en Don un eng sozial Organisatioun ze maachen.
vum 1. bis den 3. Dezember 2017
am Duerfkär zu Wuermer um Parking vis-à-vis vun der aler Raiffeisen Kees.
Kulturveräin Wormer a.s.b.l
51, rue Hiehl | L-5485 Wormeldange-Haut
MAIL: kulturverain@wormer.lu
Hei kennt och är Reklam stoen!
Konto:
LU72 0099 7800 0041 3377 CCRALULL
© Kulturveräin Wormer a.s.b.l
© Fotoen Jean Walté